Inside Calliste - 35 Years of Fashion & Style
Inside Calliste

INSIDE CALLISTE – 35 YEARS OF FASHION AND STYLE



Calliste feiert Gebuertsdag an dir feiert mat!
-20% REMISE

Profitéiert vun donneschdes (22.10.) bis sonndes (25.10.) vun 20% Remise op der aktueller Hierscht/Wanterkollektioun* an alle Calliste Geschäfter an online ënner www.calliste.lu

*-10% op Bijouen (ausser Konplott) an op Dekoratiounsartikelen


1985: VIRU 35 JOER!

Am Fréijoer 1985, huet Calliste seng Dieren als Chemiserie-Chappellerie zu Dikrech op der Liberatiounsplaz opgemaach. Op 40 m2 huet d’Nicole Brosius-Lobitz, eng deemols 21 Joer jonk Fra, mat wéineg Erfarung am Commerce, mee mat engem staarke Wëlle, versicht Fouss an der Moudebranche ze faassen.

Originalplang vun 1985:
3, place de la libération – Dikrech 

An de lëschte 35 Joer ass et dem Nicole duerch seng bestänneg Passioun fir de Beruff, an der Ënnerstëtzung vu senger Famill gelongen, sech am Norde vu Lëtzebuerg ze etabléieren. Fréier wéi och haut, wann d’Zäit et erlaabt, léist d’Nicole et sech net huelen, an engem vun de Calliste Geschäfter präsent ze sinn.

1990

Fënnef Joer nodeems Calliste sech zu Dikrech installéiert hat, huet déi nach jonk Entreprise de Schrëtt gewot ze expandéieren a mécht eng Succursale zu Ettelbréck op. No verschiddenen Ënnerbriechungen huet sech de Familljebetrib am Joer 2015 dann entscheed, erëm zeréck op Ettelbréck ze goen an ass säitdeem an der Foussgängerzon mam s.Oliver Store präsent.

1994: CALLISTE ASS FRÉIER EWÉI OCH HAUT OPPE FIR NEI PROJETEN

Calliste ass fréier ewéi och haut oppe fir nei Projeten. Esou och am Joer 1994, ewéi den Topaze Shopping Center um Mierscherbierg seng Dieren opgemaach huet. Vum eischten Dag bis elo, ass Calliste Deel vum Centre Commercial an huet dofir och do 2003 deen alleréischten s.Oliver Store zu Lëtzebuerg opgemaach.

2010: AB AN DE NORDEN

No dem Erfolleg vum eischten s.Oliver Store zu Miersch, steet déi nächst Etapp un a Calliste réckele bis ganz op de Wupp vum Land. Am Massen Shopping Center op der Wemperhaart entsteet am November 2010 ee weideren s.Oliver Store. D’Léift zum Norde gëtt mat de Jore méi grouss an sou wiisst och d’Calliste Famill. Ee Joer méi spéit mécht Calliste ee grousst multimarque Geschäft op. 2014 koum dunn ee Gerry Weber Store dobäi an am Februar 2019 deen éischte Betty Barclay Store zu Lëtzebuerg.

2015: „CALLISTE GOES ONLINE“

« Calliste goes online » a start deemno 2015 deen éischten Online Shop am Textil Beräich zu Lëtzebuerg. Fir sech vun Ufank un op dem europäesche Marché behaapten ze kënnen, stoung fest, dass ee sech vun der Konkurrenz differenzéiere muss: Et muss een dem Client ee grousse Choix mat perséinlechem Service ubidden. Fir dësem Zil gerecht ze ginn, zitt den Online Shop säi Stock direkt aus senge grousse Geschäfter. Duerch den zousätzlechen Asaz vun de 4 Mataarbechter am Online Shop, konnt de Calliste an deene leschte 5 Joer säin Online-Ëmsaz all Joer bal verduebelen.

Mat dëser neier Ënnerstëtzung wot Calliste am Joer 2018 wuel ee vun hiere bis elo gréisste Schrëtt a mécht am September deen éischte Calliste Concept-Store op 2000 m2 op der Wemperhaart op. Nieft Dammen an Häremoud, bitt Calliste och lo ee grousse Choix un Accessoiren an Dekoratiounsartikele fir Äert Doheem un.

2018: „NEXT GENERATION PLEASE“

Next generation please! Calliste kritt Nowues,… Och wann d‘Jill Brosius ursprénglech een anere Wee ageschloen hat, huet hatt sech am Joer 2018 fir de Familljebetrib entscheet an schafft säit deem un der Säit vu sengen Elteren.

2020 – EE JOER WAT EEN AUS DEM KALENNER STRÄICHE WÉILT!

Trotz deem allsäits bekannten an dominéierenden Thema vun dësem Joer, gëtt et fir d’ganz Calliste Ekipp och Grënn zur Freed: Nierwend dem 35. Gebuertsdag vun hierem Betrib hu si gemeinsam ufanks Mäerz den 2te Concept Store am Topaze Shopping Center zu Miersch opgemaach. No deem duerchaus holperege Start, begréisst si hir Clienten zu Miersch mat grousser Motivatioun mat deenen neisten Fashion & Lifestyle Trends op 1000 m2.

No 35 Joer ass Calliste am Joer 2020 ee Familljebetrib mat iwwer 60 Mataarbechter, deen Dag fir Dag, sech d‘Zil sëtzt, dem Client säin neie Liiblingslook ze fannen. Op weider Jore voller Stil an Trends!


Calliste Geschäfter

Dikrech – Calliste Women, Gerry Weber Store
Ettelbréck – s.Oliver Store
Miersch – Calliste Fashion & Living, s.Oliver Store, Calliste Outlet Store
Wemperhaart – Calliste Fashion & Living, s.Oliver Store, Betty Barclay Store, Gerry Weber Store, Calliste Outlet Store
Onlineshop – www.calliste.lu

Méi Informatiounen >>